Take off s


Op den Detail kënnt et un.

Jiddereen deen bei mech op ee Fotoshoot kënnt, kritt een USB-Stick mat enger gewëssener Unzuel vu Fotoen an dat an heiger Opléisung. Den USB-Stick ass mëttlerweil personaliséiert mat Photographie Alexandra SCHILTZ drop, enger klenger Powerpoint Présentatioun drop an engem ganz perséinlechen Unhänger deen vum Coryse POLA-ENGLER kreéiert gouf. Deen Unhänger ass ganz perséinlech a sinn immenz frou iwert déi flott a professionnel Zesummenaarbescht mam Coryse a senger Fimo-Kniwwelkëscht.

Op dir Remercimenter (Gebuert, Hochzäit, Kommioun), Invitatioune (Gebuertsdag,Kommioun, Hochzäit) braucht oder personaliséiert Fotobicher fir Kommiounen, Hochzäiten oder d'Gebuert vun engem Bebe, Kado s Bongen fir ee Gebuertsdag, fir an eng Tombola oder fir Valentin s Dag .... hei sidd dir och richdeg.

OP DEN DETAIL KENNT ET UN ....déi wonnerschéin Këschten sinn all aus der Fimo Kniwwelkescht, vum Coryse POLA-ENGLER gemaach. Op fir eng Kommioun oder eng Remise vun enger Hochzäit, d'Leit kréien hieren USB-Stick net einfach esou an d'Hand gedréckt, mä dee kënnt an esou eng schéin Këscht leien.

- D'Këscht mam Champignon wor fir eise Fotoshoot mat de Kanner am Bësch

- Déi kleng Peppercher mam wäisse Rack woren fir d'Kommiounen 2016

- Déi léif Koppelen woren fir verschidden Hochzäïten

 

D'Coryse Pola Engler fannt dir och

op Facebook ennert dem Numm D'Fimo Kniwwelkëscht oder

iwert Telefon op der Nummer 691 386 637