For ever y s


Erënnerungen si fir ëmmer a gehéieren jidderengem eenzel - Fotoen och.

An enger schwéierer Zäit vun eisem Liewen, a mat eis mengen ech mäi Mann, eis zwee Kanner an ech, hunn ech eppes gebraucht wat mir alleng gehéiert. Mäi Mann wor onglécklech gefall an ass mat der Achillessehn operéiert ginn. Eise Bouf hat deen ament 5 Joer an eist Meedchen hat bal 11 Méint a mir woren alle beid am congé parental. Ech wor vun enger Minute ob déi aner, ganz ob mech alleng gestallt an dat ass net esou einfach wann een sech am normalen Alldag alles zu zwee deelt. Dat Klengt huet missen vun engem Dag ob deen aneren hallefdeeg an eng Creche well mai Mann mol naicht mei hiewe kunnt, huet misse leie bleiwen. Ech wor komplett iwerfuedert, alleng mat deenen zwee Kanner, mam Haushalt an mat der hallefdeeg-Aarbecht. Mäi Mann ass 4 Wochen no senger 1. Op ausgerutscht an huet nach eng kéier missen mat der Achillessen operéiert ginn, déi wor nees komplet duerch .... eng Geschicht ouni Enn.

 

Enges Dag s hunn ech menge Kanner spontan proposéiert e puer Fotoen ze maachen. De Fabio huet sech selwer chic ugedoen an dem Elisa hunn ech dee schéinste Rack ugedoen deen et am Schaaf hat. Ech hunn kuerzerhand säi Bettchen ob d'Säit geréckelt, e puer selwereg Chrëchtbullen aus dem Keller ob den Teppech geluecht an hunn d'Kanner spille gelooss. Ech hunn d'Fotoen mam I-Phone gemaach .... an esou ass et ugang. D'Fotoen sinn wéi se sinn, mä et wor mäi groussen Ufank ...

 

Déi Eng behapten ech hätt ee fotografegt Aa an déi aner soen esou guer ech haett een Don. Ech selwer ginn net esou wäit, bleiwen méi becheiden mä ech wees just datt d'Fotografie mir immenz vill Spaass mecht. Net nëmmen waehrend engem Fotoshoot mä och d'verschaffen vun deenen eenzelne Fotoen dono. All Fotoshoot ass ëmmer nees eng néi Erausfuederung an ech loosse mech komplett ob all eenzelnen vun iech an. Ech léieren all Dag ganz vill bäi, dank all iech.

 

Mai Mann ass mëttlerweil nees gesond an steet nees ob sengen zwee Been an ech ka mech iwerglécklech schätzen, praktesch all Woch, ëmmer nees ganz leif Leit kennenzeléieren déi mir esou vill Vertrauen schenken an bei mech ob ee Fotoshoot kommen.

 

Merci un iech all. Vill Spass beim Fotoe kucken.

Alexandra